Télétravail
Är Meenung ass gefrot !
Bei der Aféierung vum Lockdown ass d’Gesetzgebung iwert den Télétravail an der Fonction publique ofgeschaaft gin. D’CGFP huet awer mam Minister Marc Hansen ofgemat fir dat Thema gemeinsam unzepaken en vue vun engem neien Gesetz. An sou engem neien Gesetzestext mussen d’Intérêtsen vun den Bierger, vun den Verwaltungen an awer och vun den Fonctionnairen an den Employéen berücksichtigt gin. D’CGFP huet een Arbechtsgrupp geschaaf fir d’Meenungen vun deenen eenzelnen Ënnerorganisatiounen ze sammelen an zu engen kohäränten Fuederungskatalog opzeschaffen an dann dem Minister zouzestellen. Mam projet de loi déin d'Regiirung ausgeschafft huet ass d'CGFP net d'accord. Den Charel Lentz, eisen Vice-President, ass Member vun engem Arbechtsgrupp aus der AGC iwert den Télétravail. Dir kënnt also een direkten Afloss huelen op déi législation déi spéiderhin ären Alldag werd bestëmmen! Maat daat andeems dat der eis sou bal wéi méiglech är Erfahrungen, Iwerleeungen, Virschléi oder Fuederungen op d’Adresse acgfagouv@pt.lu schéckt!
Et ass selbstverständlech dat mir ären courrier vertraulech werten behandelen.